OWD Training

25th August 2024

club logo

No Limit Divers

 Um 09:10 Rdv zu Niederanven beim Jugendhaus fir de Schüler ofzehuelen. Um 10:10 koume mir ob Platz un a hunn eis da fäerdeg gemaach fir an d Waasser. No engem Briefing a Buddy Check ass et dann an d Waasser gaang.

Tauchgang 1 waren als Übungen d Mask matt Waasser fëllen an di zweet Übung war de Otemregler aus dem Mond an no hannen geheien an deen erem fannen. De Thierry huet déi zwou Übungen gutt gemeeschtert an dun sin mir ob -11m getaucht. Ënnerwee nach puer Handzeechen an no gutt 40 Minuten war den 1ten Tauchgang schon faerdeg. En Débriefing a dun de Grill aus dem Auto a eppes guddes gegrillt. No enger gudder Paus vun 1 Stonn hun mir eis faerdeg gemaach fir d 2ten Tauchgang.
Als Übung war nees d Mask matt Waasser fëllen a zum Schluss bei 50 Bar a -3m de Bläi un ze passen an uewen d Weste mam Mond ob ze blosen.

Och beim 2ten Dauchgang haat de Thierry alles gemeeschtert.


Mir freeën eis ob déi nächst Dauchgäng.

Photographed by Fab & Ribes

image
image
image
+1
image